Prozessarchitektur

Wann eng Firma fir sech selwer gekläert huet wat se genau ënnert engem Geschäftsprozess versteet, ass se dacks mat der grousser Aufgab konfrontéiert en Inventaire vun alle Geschäftsprozesser ze kreéieren. Fir de Geschäftsprozessmanagement systematesch unzegoen, ass et wichteg als éischt en Iwwerbléck ze schafen. Dëst besonnesch well an der Regel Resultater séier sollten erreecht ginn a fir dëst, op d'mannst am Ufank, muss d'Energie op e prioritären Deel vum Ganzen konzentréiert gin.

Geschäftsprozesser identifizéieren

D'Resultat vun der Identifikatioun vun de Geschäftsprozesser sollt idealerweis net nëmmen en Inventaire sinn - dat ass eng einfach Lëscht - mee eng Prozessarchitektur déi d'Geschäftsprozesser strukturéiert an hir géigesäiteg Bezéiunge weist. Eng Prozessarchitektur bild de Kader fir Prioritéite festzeleeën an den Ëmfang vun Analyse, Kontroll a Verbesserung vu Geschäftsprozesser ze definéieren. Eng hierarchesch Struktur vun der Prozessarchitektur erlaabt eng Iwwerleeung op verschidden Niveauen. Eng typesch Struktur gëtt am folgende Bild gewisen.

Den ieweschten Niveau (Niveau 1) gëtt dacks als Value Chain duergestallt an als Prozesskaart bezeechent. De mëttleren Detailléierungs-Niveau (Niveau 2) weist d'Enn-zu-Enn Geschäftsprozesser vun enger Firma an enger abstrakter Form; Prozessvariante spezialiséiert op Produkter, Mäert oder aner Eegeschaften, detailléiert Prozesser a logesch Sequenze vu Prozesser ginn an abstrakte Geschäftsprozesser zesummegefaasst. End-to-end bedeit normalerweis (fir Wäertschafungsprozesser oder Kärprozesser) datt den Ufank an d'Enn vun engem Geschäftsprozess Interfacen mat Fournisseuren an / oder Client'en bilden. Oft fanne mir just Flussdiagrammer um ënneschten Detailniveau (Niveau 3) déi zum Beispill mat BPMN 2.0 modelléiert kënne ginn.

D'Gesamtbild vun Ärer Prozesskartografi

Zesumme mat Äre Spezialisten, entwëckele mir d'Prozesskartografi vun Ärem Betrib. Dëst schaaft fir Iech Transparenz iwwert d'Aktivitéite vun Ärer Entreprise. Dëst ass fir Iech eng optimal Basis fir Är Risiken - och reglementarescher - z'identifizéieren an z'adresséieren. D'Zoudeelung vun Prozess-Responsabilitéiten an Ärem Betrib garantéiert och, datt Prozess-Effizienz a Risiko-Iwwerwaachung nohalteg etabléiert ginn.

Mir schafen d'Gesamtbild bottom up op der Basis vun Interviewen mat Äre Mataarbechter oder top down mat enger Abezéiung vun externen Prozessmodeller.