Compliance

Den englesche Begrëff Compliance ass allgemeng op Lëtzebuergesch akzeptéiert ginn a gëtt selten mat Konformitéit iwwersat. Eng Firma ass konform wann se u relevante Regelen hält (authoritative rules), déi meescht dovu sinn extern präziséiert, awer vläicht och intern spezifizéiert. Extern Regele kënne verschidde Forme kréien a méi oder manner verbindlech sinn.

Är Risiken am Grëff

D'Landkaart vun den Prozesser as d'Ausgangs-Basis fir eng sëcher Identifkatioun an Adresséierung vun Risiken. Mir ënnerstëtzen Iech beim Opbau an der Aktualiséierung vun Ärem Internen Kontrollsystem an hëllefen Iech, déi noutwenneg Kontroll-Aufgaben méiglechst effizient zu gestalten.

Cibléiert an nohalteg

Déi fir Ären Secteur relevant Reglementatioun implementéiert Dir mat Hëllef vun IT-Systemer, Directiven, Kontrollen an aner Hëllefsmëttel. Fir dat Dir Iwwerblëck behalt an effektiv kënnt nozeweisen, wéi Dir déi verschidde Reglementatiounen Ëmgesat hutt, hëllefe mir Iech si mat Ärer Prozesskaart ze verbannen. Sou kënnt Dir séier, sëcher a effizient di reglementaresch Croissance bewältegen.