Fir d'"Denken a Prozesser" ze förderen an Är Mataarbechter fir d'Relevanz vun de Geschäftsprozesser ze sensibiliséieren, hu mir eng konfiguréierbar Prozess-Simulatioun entwéckelt. Mir simuléieren e Geschäftsprozess aus Ärem spezifesche Aktivitéite-Feld an engem Trainingsraum. Am Géigesaz zur Realitéit, sinn all Participant'en am Prozess zesummen an engem Raum an erfueren an engem praktesche Beispill datt déi bekannt, vermeintlech gutt funktionéierend Geschäftsprozesser nëmmen zesumme kënne verbessert ginn. Fir Verbesserung gi Lean-Methoden agesaat.

An dëser Prozess-Simulatioun refuséiere mir bewosst IT Systemer ze benotzen. Et ass d'Zil dir d'Participant'en de Pabeierbaséierte Prozess ze verbesseren, ouni d'Benotzung vun der "Wonnerwaff" Informatik.

Fir d'Simulatioun sou realistësch wéi méiglech ze maachen, ass se speziell fir Är Bedierfnesser konfiguréiert mat Präisser oder Lounstruktur, Produkter, Rollen, Entscheedungskriterien, Plaz a Nimm aus Ärem Maart.

Am Kader vun engem Prozessmanagement-Training oder Teambuilding-Event mat 12 bis maximal 20 Participant'en an Ärer Firma, passen mir dësen instruktiven an erhuelsamen Modul speziell un Är Besoinen un.