Eng direkt applicabel Projektmanagement Method

Mat der HERMES 5 Projektmanagementmethod hu mir en Tool dat duerch konsequent Notzung hëllefe kann fir e Projet erfollegräich ëmzesetzen. Et bitt déi methodesch Viraussetzunge fir Projet'en erfollegräich an effizient auszeféieren, wéi och fir déi festgesate Qualitéitsziler z'erreechen. D'Benotzung vun HERMES ënnerstëtzt en héige Niveau vu Pilotage an Iwwerwaachung vu Projet'en duerch d'Direktioun.

An der Schwäiz ass HERMES 5 de facto de Standard fir Projektmanagement an ëffentlecher Verwaltung. An der Variant QUAPITAL-HERMES gëllt dat och fir Lëtzebuerg. D'Virdeeler vun HERMES si seng Einfachheet, direkt Uwendbarkeet a verbreet Benotzung.

Mir ënnerstëtzen HERMES well et hëlleft eis Ännerungsprojeten erfollegräich ëmzesetzen. Duerch eist Engagement am Verwaltungsrot an als kollektive Member vun der eco-HERMES Associatioun, souwéi dem HERMES Beirat vum Zertifizéierungsorgan TÜV SÜD Examination Institute, si mir stänneg an der Weiderentwécklung vun der Method an der Schärfung vun eiser Kompetenz bedeelegt.