Jump directly to main navigation Jump directly to content Jump to sub navigation

HERMES 2022: Di nei, direkt applikabel Projektmanagement-Method

Mat der Projektmanagement-Method HERMES 2022 hu mir en Hëllefsmëttel, dat duerch konsequent Notzung duerzou bäidroe kann, e Projet mat Succès ëmzesetzen. Et bitt déi methodesch Viraussetzunge fir Projet'en erfollegräich an effizient ëmzesetzen, wéi och fir déi festgesate Qualitéitsziler z'erreechen. D'Benotzung vun HERMES ënnerstëtzt en héige Niveau vu Pilotage an Iwwerwaachung vu Projet'en duerch d'Direktioun.

An der Schwäiz ass HERMES 2022 de facto de Standard fir Projektmanagement am Service Public. An der Variant QUAPITAL-HERMES gëllt dat och fir Lëtzebuerg. D'Virdeeler vun HERMES si seng Einfachheet, direkt Uwendbarkeet a verbreet Benotzung.

Mir ënnerstëtzen HERMES well et hëlleft eis Ännerungsprojeten erfollegräich ëmzesetzen. Duerch eist Engagement am Verwaltungsrot an als kollektive Member vun der eco-HERMES Associatioun, souwéi dem HERMES Beirat vum Zertifizéierungsorgan TÜV SÜD Examination Institute, si mir stänneg an der Weiderentwécklung vun der Method an der Schärfung vun eiser Kompetenz bedeelegt.